Aus Unisec zu Dräibuer fortgelaf
14 Joer ale Jugendleche vun Tréierer Police festgeholl
© AFP
Zu Tréier huet d'Police e Freideg de Mëtteg e 14 Joer ale Jong mat an den Arrest geholl, dee Mëtt Oktober aus der Unisec zu Dräibuer fortgelaf war.
Wéi d'Tréierer Police matdeelt, hätt sech bei der Kontroll vum Jong erginn, datt hien aus Lëtzebuerg agereest wier a scho Mëtt Oktober dëst Joer aus der Unisec zu Dräibuer fortgelaf war. No Récksprooch gouf de Jugendlechen e Freideg am Nomëtteg op der Grenz bei Bëllegerbréck (Wasserbilligerbrück) un d'Lëtzebuerger Police ginn.
Am meeschte gelies