Op d'mannst zwee Chaufferen hu Permis verluer, eng Persoun a Passagearrest
Iwwert de Weekend misst d'Police nees op e puer Plazen agräifen, wou Leit ze vill gedronk haten an eng Gefor fir sech an anerer duergestallt hunn.
Virop war dat am Stroosseverkéier de Fall. E Sonndegowend war beispillsweis op der A6 a Richtung Arel en Auto a Schlaangelinnen ënnerwee. D'Gefier gouf gestoppt an de Chauffer misst sech engem Alkoholtest ënnerzéie loossen, dee positiv ausgefall war. Säi Permis gouf agezunn.
Dee selwechten Owend koum et dunn an der Beggener Strooss zu Eech zu engem Accident mat véier Gefierer. Éischten Informatiounen no ass ee vun den involvéierte Chauffere geflücht, e koum spéider awer ze Fouss zeréck. Och bei him ass den Alkoholtest positiv ausgefall an hie misst de Fürerschäin ofginn. Beim Accident ass kee blesséiert ginn.
E weideren alkoholiséierte Chauffer misst säi Permis an der Nuecht op e Méindeg ofginn, nodeems hien am Rollengergronn duerch Rout gefuer war.
E weidere Virfall gouf et dann an der Rue Erasme um Kierchbierg, wou sech e Sonndegowend eng staark alkoholiséiert Persoun aggressiv verhalen huet, och nodeems eng Patrull vun der Police op d'Plaz koum. De Mann koum no enger medezinescher Kontroll an de Passagearrest, well hien eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet.