FSC-Lëtzebuerg kritiséiert, datt d'Bëscher net genuch geschützt ginn
© Marc Hoscheid
Virun e puer Deeg ass déi 30. Weltklimakonferenz zu Belém op een Enn gaangen. Virun allem Naturschutzorganisatioune weise sech mam Resultat onzefridden.
Och de Lëtzebuerger Ofleeër vun der ONG Forest Stewardship Council, kuerz FSC, ass do keng Ausnam. Duerch den Accord vun der COP30 géing de Schutz vun de Reebëscher net entscheedend verbessert ginn. An och zu Lëtzebuerg wier bei der Protektioun vun de Bëscher nach vill Loft no uewen.
Treffpunkt ass um Miltgesknapp bei der Kräizerbuch, vun hei geet et an een zertifiéierten FSC-Bësch. "Katastroph", dat Wuert benotzt de President vun FSC-Lëtzebuerg Pit Mischo direkt e puer Mol, wann en iwwert d'COP30 schwätzt. Et hätt sech nees gewisen, datt d'Politik net amstand wier, déi néideg Decisiounen ze huelen, well se ze vill Kompromësser maachen an ze vill op Lobbyiste vun der Industrie lauschtere géing. Och de Fong, deen ageriicht gouf, fir déi Länner ze belounen, déi d'Reebëscher schützen, iwwerzeegt hien net. Virun allem, datt bis zu 80 Prozent vun de Suen aus dem Privatsecteur komme sollen, wier ee Problem.
"Déi Firmen, déi do aklammen, déi wëlle jo Benefice maachen, a mir wësse jo, wou de Benefice higeet. Et ass geschat ginn, datt vun deem, wat se investéieren, 7 Prozent Rendement do wier. Mir kréien um Spuerbuch 0,5 Prozent, d'Firme rechne mat 7 Prozent, woubäi d'Hallschent direkt an d'Täsch vun den Aktionäre geet an déi aner Hallschent gëtt verdeelt ënnert deene Länner, déi et fäerdegbréngen, hire Reebësch-Ofbau ze stoppen."
D'Strof an Héicht vun 140 Dollar pro Hektar Bësch, deen ewechgemaach gouf, wier iwwerdeems vill ze niddreg. Bei FSC setzt een dofir an éischter Linn dorobber, datt de Konsument ëmdenkt a bewosst Produite keeft, déi een Nohaltegkeetslabel hunn.
Aktuell gëtt och vill iwwert déi sougenannt Deforestatiounsdirektiv op EU-Niveau geschwat. Déi Lëtzebuerger Regierung wëllt manner Oplage fir Betriber aus dem Grand-Duché a begrënnt dat domadder, datt de Bësch hei am Land per Gesetz geschützt wier. De pensionéierte Fierschter Marc Parries ass awer iwwerzeegt dovun, datt een op enger Partie Plazen an der Illegalitéit ass.
"Wou grouss Flächen Nolebestänn sinn, déi amgaange sinn, an de Koup ze falen, dee Prozess ass jo lo schonn eng Partie Joren amgaangen. Wou mer grouss Kalschléi hunn, déi missten dann am Delai vun dräi Joer rëm ugeplanzt gi sinn. Dat gesäit jo awer jiddereen, dee mol aus sengem Büro erausgeet, datt dat net de Fall ass. Deemno si mer sécherlech net iwwerall an der Legalitéit."
Dat wier wuel och de Grond dofir, datt den Inventaire forestier national vum leschte Joer nach ëmmer net presentéiert gouf.








Problematesch wier och dat villt Wëld an de Bëscher. Do kéint am Fong relativ séier eppes dogéint gemaach ginn, mee d'Jeeër hätte net wierklech een Interessi dorunner, vill méi ze schéissen.
"Si wësse genau, wat se maachen a si hu gären d'Wëld am Bësch a si hu sech och un héich Populatioune gewinnt. An deem Bësch, wou mir hei sinn, sinn ech viru 60 Joer mat mengem Papp op d'Juegd gaangen, an der kuerzer Box hannendru gelaf oder sou. Wann dann eng Kéier ee Schwäin am Bësch war, dat war all dräi Joer eng Kéier an da war Kiermes."
Hei wier elo d'Politik an der Flicht, well d'Opriichte vu Gatteren, fir déi jonk Beem virum Wëld ze schützen, géing zolidd an d'Geld schloen. An dobäi géingen déi Mesuren integral mat ëffentleche Sue finanzéiert ginn.
FSC-Lëtzebuerg schwätzt sech dann och nach ëmmer fir een Zukunftsdësch fir den Zukunftsbësch aus. Ma et wier immens schwiereg mat der Regierung an notamment mam Ëmweltminister an ee konstruktiven Dialog ze kommen.