E Freideg de Moie krute sech kuerz no 9 Auer zwee Autoen op der N6 tëscht Stengefort an dem Wandhaff ze paken.

D'Police huet doropshin d'Streck fir den Trafic gespaart an eng Deviatioun en place gesat. D'Rettungsekippe vum CGDIS sinn op der Plaz. Weider Detailer sinn aktuell net gewosst.