Deene Jonken eng Stëmm ginn an se eescht huelen
© RTL Archiv
Op der zweeter Editioun vun de Jugendassisen war ënnert anerem d'Bedeelegung vu Jonken ee vun de grousse Sujeten.
"Et ass wichteg, datt déi Jonk d'Gefill hunn, datt se wierklech eppes kënne beweegen. Wann ee gäre Mënschen hätt, déi sech engagéieren, muss een och e Sënn an deem Engagement gesinn." Dat sot de Jugendminister Claude Meisch en Donneschdeg den Owend op der zweeter Editioun vun de Jugend-Assisen, wou ënnert anerem d'Bedeelegung vu Jonken ee vun de grousse Sujete war.
D'Fuerscherin vun der Uni Lëtzebuerg, d'Caroline Residori, huet éischt ausgewielte Resultater aus der "Youth Survey" publik gemaach. Eng national representativ Etüd, déi och Deel vum Jugendbericht ass, deen uganks d'nächst Joer erauskënnt. Elo nodeems d'Questionnairen analyséiert sinn, gesäit een datt 2/3 soen, déi Jonk misste méi an der Politik ze soen hunn, mä anengems ass den Interessi un der Politik mëttelméisseg an am Verglach mat 2019 och zeréck gaangen.
Op den éischte Bléck kéint een dat als Kontradiktioun gesinn, d'Dokter Caroline Residori interpretéiert dat Resultat anescht: "Dat ass e bëssen d'Spigelbild dovunner, datt si sech net representéiert fillen. Dat heescht 2/3 vun deene Jonken wënsche sech méi Gehéier ze fannen als Jonker, dat gëtt net erfëllt an dat féiert dann dozou, datt Jonker sech manner intresséieren."
D'Jenny Klimas an de Mattis Milbert sinn Allenzwee am Jugendgemengerot zu Wëntger an hu guer net d'Gefill, datt si net eescht geholl ginn oder datt hinnen net nogelauschtert gëtt. De Mattis Milbert huet sech duerch eng Frëndin do engagéiert: "Ech intresséiere mech ebe bësse fir d'Gemeng a wëll, datt d'Jugend mat kann entscheeden, datt d'Jugend eng Stëmm kritt."
Zu Wëntger wieren dem Jugendgemengerot bal keng Grenze gesat, esou d'Jenny Klimas. D'Gemeng oder de Jugendbüro zu Wolz wieren ëmmer do, fir si z'ënnerstëtzen an esou konnten och schonn eng Rei Projeten ëmgesat ginn. "Zënter 2019, also zënter et de Jugendgemengerot gëtt, hu mir um Site vun der Wëntger Schoul Wasserspender opgestallt, déi hu mer och selwer designt. Ech fannen dat och zimmlech cool fir déi Sportsveräiner, déi zu Wëntger sinn. Dann ass de Graffiti-Projet elo ganz aktuell, dann hu mer nach e Reglement bëssen ausgebaut fir Primmen an eisen Entworf och un d'Gemeng weider geleet."
Am Frëndeskrees vum Mattis Milbert ginn et soss net vill Leit déi sech engagéieren: "Ausser déi, déi ech dann elo motivéieren, fir mat an de Jugendgemengerot ze kommen, wat relativ schwiereg ass, well se net wëssen, wat se sech dorënner kënne virstellen."
D'Jenny Klimas seet, de Jugendgemengerot géif sech all 4 bis 6 Woche gesinn, et géif een natierlech och u Projeten schaffen, mä esou vill Zäit géif deen Engagement net kaschten. Et wier Zäit, déi ee sech géif huelen, well een dat gäre mécht.
D'Ëmfro vun der Uni huet zum Beispill nach gewisen, datt déi Jonk sech am Léifsten iwwer eng Ënnerschrëftesammlung engagéieren oder andeems se verschidde Wuere boykottéieren. Onbeléift sinn dogéint Demonstratiounen, déi net autoriséiert sinn an d'Mataarbecht an enger Partei.