D'Chambre des salariés begréisst zwar verschidde Mesuren, mä ass awer am Allgemenge géint de Projet vun der Pensiounsreform.

Dat schreift d'CSL e Freideg de Moien an engem Communiqué. Virop bedauert een nach ëmmer wéi d'Consultatiounen ofgelaf sinn an datt d'Tripartite net aberuff gouf. Et kéint een dofir absolut net vun engem equilibréierte Sozialdialog schwätzen.

D'CSL begréisst engersäits d'Hausse vun de Cotisatiounstauxen, datt d'Allocation de fin d'année soll bäibehale ginn an datt ee méi flexibel mat de Studentejore well ëmgoen. All déi aner Dispositioune vum Reformprojet weist d'Chambre des salariés allerdéngs an der aktueller Form zréck a fuerdert, datt se iwwerschafft ginn an dat am Kader vun engem richtegen, transparente Sozialdialog mat all de Partner.