Am Moment ginn an der Gemeng Steesel Bréiwer verdeelt, déi sou wéi op der Foto oder änlech ausgesinn.

D'Gemeng ënnersträicht an engem Post op de soziale Medien, dass weder de Lamesch nach Valorlux esou Kaarte verschéckt, respektiv schelle kënnt, fir Geld ze froen. D'Gemeng rifft och d'Leit op, virun allem eeler Noperen an der Gemeng do virdrun ze warnen, well déi eventuell net op de soziale Medien aktiv sinn.