D‘Lëtzebuerger Bëscher stinn duerch de Klimawiessel ënner Drock. Dat weisen d’Resultater vum drëtten nationale Bëschinventaire.

Dofir ginn op ville Plazen am Land Stéchprouwe geholl, wou Experten d’Beem moossen, hir Gesondheet beurteelen an Donnéeën iwwer d'Zesummesetzung, de Wuess­tem an den Zoustand vum Bësch sammelen.

Obwuel d‘Surface vum Lëtzebuerger Bësch mat ronn 92.000 Hektar stabel bleift, stellt d'Naturverwaltung eng däitlech Verschlechterung beim Zoustand vun de Beem fest. Besonnesch d’Fiichten leiden ënner dem Befall vu Borkenkäfer an der Dréchent. Doriwwer eraus géifen d'Beem zanter de leschten 23 Joer manner séier wuessen an d'Konsequenze vum Klimawiessel hätte sech dramatesch verschlëmmert: d'Lëtzebuerger Bëscher hunn tëscht 2010 an 2023 méi Kuelestoff ausgestouss, wéi se absorbéiert hunn. De Lëtzebuerger Bësch ass domat also zënter Joerzéngte fir eng éischte Kéier kee Bësch méi , deen CO₂ ofbaut. Den Direkter vun der Naturverwaltung Michel Leytem:

„Wat do enorm wichteg ass ze wëssen, déi Period, wou mir elo deen Inventaire opgeholl hunn, war 2023, an déi Period virdru war bis 2012. A genau an der Mëtt dovun, 2018, sinn déi extreem dréche Summeren ugaangen. A wärend deenen extreem dréchene Summeren huet de Beem extreem vill Waasser gefeelt, a wann de Beem vill Waasser feelt, kënne se eeben net wuessen, da kënne se keen Holz produzéieren. Dofir si mir iwwer déi do Resultater net iwwerrascht.“

Vill Beem stierwen haut méi fréi of, wéi nach virun e puer Joerzéngten. Et wier awer op déi eng Manéier awer och positiv, datt d’Quantitéit un doudegem Holz sech zënter 2000 verduebelt huet. Doudegt Holz bitt nämlech Liewensraum fir eng Villfalt vu Liewewiesen an dréit esou zu méi Biodiversitéit an Aartevillfalt bäi.

Dës Entwécklung ass awer net nëmmen en Zeeche vun natierlecher Dynamik – mee och dovun, datt d’Bëscher net méi gutt nokommen, schlecht regeneréieren an ënner Stress ofstierwen.

„Ech sinn do eigentlech ëmmer ganz hoffnungsvoll, dat heescht, mir hunn elo verschidde Bamaarten, déi ganz staark leiden. D‘Eech ass definitiv déi, déi am stäerkste leit. Mir hoffen nach ëmmer, dass ee gewëssene Prozentsaz vun den Eeche wäert resistent sinn. Mee et ass effektiv esou, eis Beem sinn enorm geschwächt a mir mussen hinnen do hëllefen, dass se weider kennen iwwerliewen.“

D'Efforte fir d'Upassung vun de Bëschbestänn, déi an de leschten zwee Joerzéngte gemaach goufen, droen hir Friichten: den Undeel u Lafbeem ass vu 66%  2010 op 75% am Joer 2023 geklommen an d'Struktur vun de Bëscher gouf beräichert, mat enger méi grousser Aartendiversitéit an enger Erhéijung vu Bëschbestänn. Et géing een elo versichen, d‘Bëscher méi fit ze maachen. Den Ament wier een, esou den Ëmweltminister Serge Wilmes, amgaang och déi national Bëschstrategie fäerdeg ze maachen.

„An hei geet et drëms, dass mir jo vill manner wëllen Holz raushuelen, wéi kann nowuessen, dat gëtt weider gefouert. Mir wëllen och dofir suergen, dass weider verschidde Bamaarte bäikommen an dass déi och kënnen opkommen. Do ass déi natierlech Verjéngung ganz wichteg. Dofir hunn ech och ee Bësch- a Juegddësch ageruff, deen elo schonn ee Joer laang leeft, a wou déi Haaptacteuren zesumme kommen, fir datt mir och kucken, dass d‘Wëld reguléiert gëtt, well d‘Wëld gären déi jonk Beem ësst."

Op d‘Reproche vun der Naturschutzorganisatioun Forest Stewardship Council, kuerz, FSC-Lëtzebuerg, datt d‘Politik d‘Bëscher net genuch géing schützen, äntwert den Ëmweltminister nach, datt ee keng Gittere wéilt opstellen, fir déi jonk Beem virum Wëld ze schützen. Et géing een awer sécherstellen, datt wa Bësch zu Lëtzebuerg wechgemaach gëtt, och duerch neien ersat gëtt.

Am Verglach mat eise Nopeschlänner huet Lëtzebuerg proportionell eng däitlech méi grouss Bëschfläch. Iwwer een Drëttel vum Land ass mat Bësch bedeckt.