D’Doktesch- an Zänndoktesch Associatioun AMMD seet, et wier falsch ze soen, datt se eng Klasse-Medezin wéilten.

Se wollt op enger Pressekonferenz dat kloerstellen an hir eenzel Fuerderunge präziséieren. Enn Oktober hat dAMMD hir Konventioun mat der CNS gekënnegt. Dat fir nei Verhandlungen iwwert de ganze Gesondheetssecteur erbäizeféieren.
 
Mei Tarifautonomie huet se notamment gefuerdert. Um Donneschdeg huet d’AMMD wëlle kloerstellen, datt et ni drëm gaang wier, datt een Dokter méi fakturéiere kéint ewéi een anere fir de selwechten Akt. Dat hätt d’Gesondheetsministesch Martine Deprez an d’Welt gesat, esou de President vun der AMMD, den Dokter Chris Roller. Hien huet awer op d’mannst zouginn, datt de Begrëff Tarifautonomie “vläicht net glécklech” wier.
 
Hien a den AMMD-Vizepresident, den Dokter Carlo Ahlborn, hu präziséiert, wat se fuerderen: se wëlle kënnen nei Behandlungen maachen. Mee da misst d’CNS déi iwwerhaapt Mol unerkennen an en Tarif ausgehandelt ginn. D’Gesondheetskeess géing der AMMD no Verhandlungen iwwert d’Tariffer bewosst an d’Längt zeien. Si proposéieren, datt d’respektiv Dokter-Cerclen Propose maachen, déi de Collège médical nach misst acceptéieren. D’CNS géing dann decidéieren ewéi vill se bereet wier ze bezuelen.
 
Wichteg wier der AMMD no, de reelle Fraisen Rechnung ze droen. De Carlo Ahlbron huet et mam Bäcker oder Schräiner verglach, déi hir Käschten op de Präis vun hire Produite kënnen eriwwerdroen. Bei den Doktere wieren d’Tariffer festgeluecht.

D’AMMD ruddert a Saache privat Investisseuren zeréck

D’AMMD huet dann awer och matgedeelt, datt se sech d’lescht Woch awer decidéiert huet, fir keng privat Investisseuren fir Dokteschgesellschaften ze fuerderen. Allerdéngs misst d’CNS da wéi gesot reell Käschten a Betruecht zéien, huet de Carlo Ahlbron widderholl.
 
D’liberal Doktere fille sech och géintiwwer de Spideeler staark benodeelegt. Fir si wier och zimmlech kloer, datt d’Spidolsfederatioun an d’Gewerkschaften d’Doktere bewosst wéilte splécken. De Chris Roller hat dat schonn Ufanks der Woch dee Virworf hei op RTL gemaach.
 
Hien huet och d’Kritik widderholl, datt d’Konventioun sech automatesch géing bei neien Dokteren applizéieren.
 
An d’Vertrieder vun der AMMD hunn nach emol gefuerdert, datt d’Assuréen an der CNS solle vertruede sinn. D’Gewerkschaften géingen déi net all representéieren, well net all Assuré e Salarié ass.
 
LINKS
 
D’Spidolsfederatioun zu den Diskussiounen am Gesondheetswiesen
 
De Collège médical huet vu “perverser Entwécklung” geschwat
 
D’Associatioun médecins salariés hospitaliers sot dat hei
 
D’CNS am September, virun der Kënnegung vun der Konventioun