Zënter en Donneschdeg
Den 43 Joer ale Gilles Weis gëtt vermësst
Wéi d'Police matdeelt, gëtt de Gilles Weis zënter en Donneschdeg 27. November um 16 Auer vermësst.
D'Persoun, déi gesicht gëtt, ass ronn 1,70m grouss, huet blond Hoer a blo Aen. Hie soll méiglecherweis eng blo Jackett mat groe Schëller-Deeler un hunn.
Indicen iwwert den Openthalt vum Vermësste si fir d'Police aus der Stad, dat iwwer Telefon um (+352) 244 40 1000 oder per Mail op Police.Capitale@police.etat.lu.
Am meeschte gelies