Freedom not Fear: 11 Jugendorganisatioune setzen Zeechen

Géint ëmmer méi Iwwerwaachung: Dofir sinn d'Jugendorganisatiounen op d'Strooss gaangen.
Ënnert dem Motto "Fräiheet an net Angscht" wor e Samschdeg een nationalen Aktiounsdag organiséiert vun net manner wéi 11 Jugendorganisatiounen.
D'Kameraiwwerwaachung, e Policestaat, de biometresche Pass oder den Ausbau vun de Repressiouns-Strukturen sinn alles Saachen, géint déi een sech muss wieren, mengen 11 Jugendorganisatiounen, déi de Samschdeg den nationalen Aktiounsdag "Freedom not Fear" organiséiert haten.
Zirka 150 Leit ware bei engem Protestmarsch vun der Stater Gare bis op de Glacis derbäi.
Den David Angel vun déi Lénk, Porte-Parole vun der Allianz
D'Suen, déi de Staat den Ament fir Iwwerwaachungsmesuren ausgëtt, sollten hirer Meenung no an d'Sozialpolitik investéiert ginn, zum Beispill an d'Bildung.
Organisateure waren:
- Chaos-Computer-Club Lëtzebuerg
- CLAC - coordination des luttes anticapitalistes
- Infoladen „Schréibs" asbl
- Déi Jonk Gréng
- Jeunesse démocrate et libérale (JDL)
- Jonk Lénk
- Jeunesses socialistes luxembourgeoises (JSL)
- Piratepartei Lëtzebuerg
- Jeunesses communistes luxembourgeoises (JCL)
- Sokrates.lu
- UNEL