Den Députe-Maire vun Dikrech gouf um Sonndeg de Moien um Kongress zu Ettelbréck mat 77,66% vun de Stëmmen zum neie Parteipresident gewielt.

Nieft dem Claude Haagen, deen als Favorit an d'Course gaange war, hat jo och nach den Dippecher Gemengeconseiller Philippe Meyers seng Kandidatur gestallt.

10 Joer laang stoung jo den Alex Bodry un der Spëtzt vun der Partei, et wär awer elo Zäit fir e Wiessel gewiescht a fir dee soll dann elo den Dikrecher Député-Maire suergen.

AUDIO: LSAP-Kongress: Reportage Nadine Gautier

Mat engem besseren Taux wéi den neie Parteipresident (77,66%) gouf d'Taina Bofferding als Vize-Presidentin gewielt. Si krut 90,91%. Fir de Georges Engel waren et souguer 91,23%.

Fir d'Poste vun den zwee Vizepresidente louche jo och just zwou Kandidature vir - déi vum Taina Bofferding an déi vum Georges Engel.

Beim Generalsekretär war et déi vum Yves Cruchten. Hie krut 92,66%.

Changementer, dat war eng Notioun, déi um Sonndeg de Moien zimlech dacks ugeschwat ginn ass. Dem Alex Bodry no missten d'Changementer an der Partei lues a lues kommen a net iwwerstierzt sinn. An dat gëllt och fir d'Ëmsetze vum Regierungsprogramm. D'Regierung hätt elo 100 Deeg hannert sech. Mat Hektik géif se awer näischt erreechen. D'Iddie misste gutt iwwerluecht sinn.

De Wirtschaftsminister Etienne Schneider huet den Alex Bodry a sengen Aussoen ënnerstëtzt. Et géif an deenen éischten 100 Deeg Regierung net drëms goen, de Koalitiounsaccord ëmzesetzen. Mä et misst ee sech an d'Sujeten eraschaffen.

E weidere wichtege Punkt ass d'Steierreform, déi 2016 fäerdeg gëtt an 2017 a Kraaft triede soll. Et géif sech do ëm e sozialgerechte Package handelen, esou de Wirtschaftsminister Etienne Schneider. Weider Informatioune géifen dann ee Mëttwoch während dem Etat de la Nation bekannt ginn.

Den Alex Bodry huet dann och d'Aarbecht vun der Oppositioun ugeschwat. Déi kritiséiert hie wéinst hirem aggressive Verhalen an hirer Inkohärenz.

A senger éischter Ried huet den neie Präsident virun allem ënnerstrach, datt d'LSAP als Team agéiere sollt.

LSAP Kongress bestëmmt neie President
Den Claude Haagen ass President vun de Sozialisten. Um Kongress sinn et Detailer ginn iwwer Steierreform an Index.