Zesumme mat Infohandicap huet de Wirtschaftsministère um Label "Eurewelcome" geschafft.

"Tourismus fir jiddereen" heescht e Projet, deen de Wirtschaftsministère am Oktober zejoert mat engem externe Beroder an Infohandicap opgestallt huet. D'Offer, fir Leit mat enger Behënnerung, ass lo schonn duerch de Label "Eurewelcome" visibel. Ma Zil vun dësem neie Projet ass, datt enges Dags déi ganz Service-Chaîne vum Tourismus de Label opweise kann.

AUDIO: Tourismus fir jiddereen / Reportage Claudia Kollwelter

Genee kann een net soen, wéi vill d'Zuele vun de Visitten an Iwwernuechtungen an d'Luucht géinge goen, wann de Projet vum Tourismus fir jiddereen iwwerall géing applizéiert ginn. Der Staatssekretärin fir Tourismus am Wirtschaftsministère, Francine Closener, no ass awer grousse Potential do. Well wann een eppes ouni Barrièren ubitt, sief et am Tourismus, der Hotellerie, der Gastronomie oder anere Beräicher, schwätz een net nëmme Leit mat Behënnerungen un, mä och eeler Leit a Leit mat klenge Kanner, déi mat Kutsche mussen fueren. Déi Alleguerte profitéieren natierlech och vun dëser Offer.

Beim Projet geet et drëms ze kucken, wat iwwerhaapt d'Offer de Moment an der Tourismusbranche ass, an d'Leit fir dëst Thema ze sensibiliséieren. Mat Hëllef vun enger Brochure sollen déi Professionell aus der Tourismusbranche informéiert ginn. Elo ass d'Fro, wee wëll sech wierklech engagéieren, well et ginn och Pläng aus dem Ministère vum Tourismus, fir do finanziell Hëllef unzebidden.

Beim Ministère gëtt de Moment eng Strategie ausgeschafft, bei där puer zentral Froe gestallt ginn. Dorënner fält och d'Fro, wat een nach am Allgemengen zu Lëtzebuerg am Tourismus brauch. D'Francine Closener ass sech sécher, datt een an der Promotioun nach e groussen Effort hei am Land maache muss an dofir d'Strategie vum ONT an ORT nach emol op de Leescht huele muss.

D'Francine Closener mengt och, datt dës Initiativ gutt bei den Image vun engem oppenen an zouverlässege Land géing passen.