D’DEA verdeelt als Gemengesyndikat Drénkwaasser an 28 Gemengen am Éislek. 460 Kilometer ass hire Reseau laang, an et misst ee stänneg un enge 5 bis 10 Kilometer Leitungen a soss Infrastruktur, schaffen, fir d’Qualitéit z’erhalen, sou déi Responsabel.
Eng vun de Géigenden, wou dat den Ament de Fall ass, ass nieft Iener an der Gemeng Saeul. An engem Reportage war d’DEA kritiséiert ginn, keng Récksiicht op den archeologesch wäertvolle Site ze huelen, wat de Gemengesyndikat fir Waasserverdeelung esou net wëllt stoe loossen.
De Kaschbuer ass eng vu 6 Quelle vun der DEA, Installatiounen aus den 1920er Joren, an dat hei wier déi mat deem meeschte Waasser. Eng Sanéierung wier net ze verhënneren, kréie mer erkläert. Dass do um Site eppes Interessantes vu fréier kéint entdeckt ginn, hat ee ei der DEA am Hannerkapp.
Well si gewosst hätten, dass op dësem Site hei eventuell archeologesch wäertvoll Objete kéinte begruewe leien, hätte si 2021 sämtlech Autorisatioune gefrot – och beim INRA, dem Institut National de Recherches Archéologiques. Vun deene Spezialiste wier de Feu vert komm, virum Ufank vum Chantier, präziséiert d’Sophie Hellinghausen vun der DEA.
Bis dunn déi béiss Iwwerraschung koum: bei den Terrassementsaarbechte wieren Tracë vu fréier opgedaucht, wat si de Spezialisten aus dem Kulturministère gemellt hätten. Déi wiere kucke komm, hätten d’Objete katalogéiert an dunn hätte si dierfe weider schaffen.
D’Informatioun vum Buergermeeschter vu Saeul, de Kulturministère hätt de Chantier gestoppt, confirméieren weder d’DEA nach de Minister. D’Aarbechte ronderëm de Kaschbuer: geneemegt, seet de Minister. An awer spillt zënter dem 23. Januar zu Iener eng aner Musek – eng mat net onbedéngt positive Konsequenze fir d’Gemengesyndikat.
De Kulturminister huet nämlech den Uerder ginn, dass d’DEA déi weider Aarbechten also d’Austausche vun den ale Waasserleitungen, vun engem spezialiséieren Archeologebüro, misst kontrolléieren an dokumentéiere loossen.
Fir de President vun der DEA, Charles Pauly, bedeit dat fir d’Zukunft méi komplizéiert Verhandlunge mat de Proprietäre vun den Terrainen, duerch déi d’Leitunge ginn, och well d’DEA als Gemengesyndikat, de Prinzip vun der Utilité net kann applizéieren. An et eng Rei Leit géif, déi keng Fouillen op hirer Proprietéit wéilten.
Am Kloertext: de Cahier de Charges fir den Austausch vun der Waasserleitung zu Iener, do, wou d’Reschter vun enger Réimervilla solle begruewe leien, gesäit vir, dass de Waassersyndikat en Archeolog engagéiert, deen d’Aarbechte suivéiert an all Schrëtt dokumentéiert. Bei der éischter Phas um Kaschbuer gouf dat net gefrot. Et wier en Dossier, deen exemplaresch traitéiert géif, seet de Minister. Och besser, well wat och ëmmer do vun de Spezialisten dokumentéiert gouf, läit elo ënner Flëssegbëton.