Nom Congé collectifAarbechter um Bau ginn op de Coronavirus getest

Maxime Gillen
De Kollektiv-Congé am Bau-Secteur ass eriwwer, d’Constructiouns- an Heizungsbetriber hunn e Méindeg nees op de Chantieren ugefaangen.
Kollektiv-Congé am Bau ass eriwwer
De Kollektiv-Congé am Bau ass eriwwer, d’Constructiouns- an Heizungsbetriber hunn e Méindeg nees op de Chantieren ugefaangen.

Zanter haut gëtt erëm geschafft op de Chantieren uechter d'Land. Fir z'evitéieren, dass sech de Coronavirus ënnert den Aarbechter verbreet, déi elo aus hirer Vakanz erëmkomm sinn, gëtt elo knapp d'Hallschent vun hinnen op de Virus getest.

Reprise vun de Chantieren - Reportage Maxime Gillen

Lescht Woch kruten déi verschidde Betriber Vouchere fir eng 55 Prozent vun hire Leit gratis kënnen an de Corona-Test ze schécken. Dat géif och duergoen, fir sech e Bild vun den Infektiounen ënnert de Mataarbechter ze maachen, erkläert de President vun der Chambre des Métiers a Patron vun engem Entrepreneursbetrib, Roland Kuhn: "All déi Betriber hu jo elo déi Vouchere kritt, déi Bongen. An domat gi se dann en Deel vun de Leit testen. Esou wéi d'Santé dat gesot huet, am beschten ee pro Ekipp, oder zwee pro Ekipp, dat muss een da kucken, wéi grouss eben d'Ekippe sinn. Dass ee lues a lues e Gesamtbild vun der Situatioun kritt."

D'Tester ginn elo iwwert déi nächst dräi Woche gemaach. Deemno kënnen nach ëmmer grouss Deeler vun den Ekippen ausfalen, sollt ee vun de Kolleege positiv op de Virus getest ginn, wéi de President vun der Handwierkerfederatioun a Patron vun engem Chauffage- a Sanitärbetrib, Michel Reckinger, erkläert: "Deen, dee mir nächste Freideg an den Test schécken, dee war dann eng ganz Woch laang um Chantier a senger Ekipp, mat anere Corps de Metiers. Wann deen dann nächste Freideg positiv getest géif ginn, da ginn natierlech eng ganz Rei vun eise Leit, ma och vun anere Corps de Metiers warscheinlech an d'Quarantän geschéckt, wat natierlech erëm e Käschtepunkt ass an en Reorganisatioun ass vum Betrib."

Esou wier et enger Rei Betriber scho virum Congé collectif ergaangen: "Dat deet wéi. Also wann an enger Camionnette mat 5 Leit, mol net 1 positiv war, mä een an der Famill hat, dee positiv war, dann ass déi ganz Camionnette a Quarantän gesat ginn. Dat ass e Produktivitéitsverloscht. Déi schaffen net. Dat kascht Suen. Quitt dass si e Krankeschäi kréien, mä deen ass just zu 80 Prozent rembourséiert, dat heescht déi 20 Prozent muss ee selwer bäileeën. D'Cotisatioune muss een awer bezuelen. Wa mir fréier e Krankestand hate vun ënner 5 Prozent, da si mer awer virum Congé collectif op 20, 30 Prozent erop gaangen, well Leit an der Quarantän souzen."

D'Tester sinn iwwerdeems op fräiwëlleger Basis, dat heescht Mataarbechter, déi sech net wëllen teste loossen, mussen dat och net maachen. Ma et hofft ee mat dësen Tester, esou vill wéi méiglech Infizéierter ze fannen, fir e Verbreede vum Virus op de Chantieren ze verhënneren.

Back to Top
CIM LOGO