Gilsdref an ÉilerengAarbechtsmaschinne beschiedegt, Aarbechtsgeschir geklaut

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, goufen zu Gilsdref Aarbechtsmaschinne beschiedegt. Zu Éilereng gouf a Firmeween agebrach a Maschinne goufe geklaut.
© Andy Brücker / RTL

Vun en Dënschdeg op e Mëttwoch goufen op engem Schantjen an der route de Larochette zu Gilsdref e puer Aarbechtsmaschinne muttwëlleg beschiedegt. Onbekannter hunn d'Fënstere futti geschloen.
D'Dot ass tëscht en Dënschdeg 17.30 Auer an e Mëttwochmoie 6 Auer geschitt. Eventuell Zeie solle sech bei der Police vun Dikrech mellen um Telefon 244801000.

An der Industriezon Z.A.R.E. zu Éilereng gouf vun en Dënschdeg op e Mëttwoch a 6 Firmeween agebrach an et gouf Baumaschinnen a Material geklaut. Persounen, déi eventuell eppes Verdächteges tëscht en Dënschdeg 16.30 Auer an e Mëttwoch 6.45 Auer gesinn hunn, solle sech bei der Police zu Déifferdeng mellen um Telefon 244531000.

Back to Top
CIM LOGO