Reaktioun OGBLAarbechtsplazen-Argument ass "Panik-Argument", sou d'Nora Back

RTL Lëtzebuerg
Genee wéi den LCGB hofft och den OGBL, datt déi dräi Parteien en Donneschdeg "geschlossen" an d'Reunioun mat der Regierung eraginn.
© RTL-Archiv

Sou huet d’Presidentin vum onofhängege Gewerkschaftsbond op den Interview mam LCGB-President en Dënschdegmoien hei op RTL reagéiert. D’Nora Back erënnert awer drun, datt dat bei der Tripartite am Mäerz de Fall war, mee d’Positiounen duerno bei de Mesuren auserneegaange sinn.

Si begréisst, datt den LCGB sech kloer zum Index bekennt. Mee am Géigesaz zum LCGB, deen nach keng fest Positioun huet, wat d’Verréckele vu weideren Indextranchen ugeet, bleift dat dem OGBL e rout Duch. D’Nora Back seet, d’Präisdeierecht, déi unhält, an de Krich an der Ukrain, dee méi laang dauert, géingen d’Positioun vum OGBL bestätegen: den Index wier net de Problem an et misst een d’Kafkraaft vun de Leit stäerken a just deene Betriber hëllefen, déi Schwieregkeeten hunn.

Reaktioun Nora Back op Patrick Dury

De Patrick Dury sot en Dënschdegmoien, fir den LCGB ass d’Kafkraaft kruzial, mee och d’Ofséchere vun den Aarbechtsplazen. D’Nora Back seet dozou: “Ech kann Iech berouegen, den OGBL suergt sech fir den Erhalt vun den Aarbechtsplazen.” Fir ze soen, et misst ee sozial Acquisen ofschafen, fir Aarbechtsplazen ofzesécheren, dat wier der Presidentin vum OGBL no awer en Argument vum Patronat. Aktuell wier de Chômage nämlech niddreg, d’Zuel un neie Faillitte wier niddreg an d’Wirtschaft géing wuessen.

De President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP, de Romain Wolff, dee sot en Dënschdegmoien, hie géing eréischt no der Reunioun vun en Donneschdeg mat den anere Gewerkschaften an duerno mat der Regierung eng Deklaratioun maachen.

Hien hat awer virun zwou Wochen hei op RTL scho gesot, mam Verréckele vun Indextranchë misst Schluss sinn.


Back to Top
CIM LOGO