Liberty SteelAarbechtsplazen zu Diddeleng si garantéiert

Pierre Weimerskirch
D'britesch Entreprise huet de Site vun ArcelorMittal zu Diddeleng iwwerholl an huet um Dënschdeg presentéiert, wat ee fir d'Zukunft wëlles huet.
Liberty Steel: Aarbechtsplazen zu Diddeleng si garantéiert
D'britesch Entreprise huet de Site vun ArcelorMittal zu Diddeleng iwwerholl an huet um Dënschdeg presentéiert, wat ee fir d'Zukunft wëlles huet.

De Stolsecteur zu Lëtzebuerg ass am Wandel. Iwwert déi nächst Jore gi bei ArcelorMittal weider Plazen ofgebaut a mat Liberty Steel ass en neien Acteur am Land. D'britesch Entreprise huet de Site vun ArcelorMittal zu Diddeleng iwwerholl an huet um Dënschdeg presentéiert, wat ee fir d'Zukunft wëlles huet. D'Aarbechtsplaze wiere garantéiert.

Hannergrond vun der Transaktioun ass deen, datt ArcelorMittal vun der europäescher Kommissioun forcéiert gouf, fir eng Partie Fabricken ofzestoussen, fir den italienesche Stolgrupp Ilva kënnen ze iwwerhuelen.

Liberty House ass e britesche Finanzgrupp, dee vum Sanjeev Gupta an de 90er Jore gegrënnt gouf. De Patron war um Dënschdeg selwer zu Diddeleng, fir en Tour duerch d'Wierk ze maachen.

De Sanjeev Gupta: "Fir all Industrie ass den Ausgangspunkt ëmmer deen: Gëtt et Produiten, fir deen e Besoin do ass? An des Fabrick mécht e Produit, dee vill gefrot ass. Fir den Automobil- an aner Secteuren, et ass e Gewënn fir eise Portfolio."

D'Philosophie vum Liberty-Grupp wier et, a Länner ze goen a no Méiglechkeete fir all hir Aktivitéitsberäicher ze sichen. Et wier een och am Automobil- a Loftfaartsecteur täteg, souwéi och an den erneierbaren Energien a Finanzservicer. Dëst alles Saachen, déi och fir Lëtzebuerg relevant wieren.

Back to Top
CIM LOGO