PoliceAbréch um Lampertsbierg an zu Schëffleng

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend goufen der Police zwee Abréch gemellt. Eemol an der Stad um Lampertsbierg an eemol zu Schëffleng.

An der Avenue Pasteur um Lampertsbierg gouf d’Wunnengsdier vun engem Méifamilljenhaus opgebrach. D’Spueresécherung war op der Plaz an eng Enquête gouf lancéiert.

Zu Schëffleng an der Rue du Stade sinn d’Täter iwwert eng Terrassendier an en Eefamilljenhaus agebrach. Si hunn ënnert anerem Bijoue geklaut. Och hei leeft eng Enquête.

Back to Top
CIM LOGO