
E Sonndeg am Nomëtteg gouf an der Rue Metzler zu Krautem eng Dier vun engem Eefamilljenhaus opgehiewelt, fir eran ze kommen. D’Haus gouf komplett duerchsicht an d’Brigange konnte sech mat de geklaute Saachen duerch d’Bascht maachen.
Owes da gouf et en Abroch “Op der Temel” zu Eschduerf, dat och an en Eefamilljenhaus. Ob hei eppes geklaut gouf, geet net aus dem Schreiwes vun der Police ervir.
A béide Fäll gouf d’Spueresécherung op d’Plaz geschéckt.