An der Nuecht op e SonndegAbréch zu Maacher, Fenteng, um Houwald an op der Polvermillen

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt, dass an der Nuecht op e Sonndeg nees op verschiddene Plazen am Land agebrach gouf.
© RTL-Archiv

Um Boulevard General Patton op der Polvermillen an der Stad gouf an ee Gaardenhaischen agebrach.

Zu Fenteng an der Rue Pierre Anen haten Abriecher et op een Eefamilljenhaus ofgesinn.

Um Houwald an der Rue General Patton gouf an ee Keller agebrach. Et gouf Béier an ee Vëlo geklaut.

An zu Gréiwemaacher gouf an der Rue du Stade och an en Eefamilljenhaus agebrach.

Back to Top
CIM LOGO