PoliceAbréch zu Weimeschkierch an zu Leideleng

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Stonne krut d'Police op verschidde Plazen am Land Abréch gemellt.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

En Dënschdeg den Owend sinn onbekannten Täter an eng Wunneng um Boulevard Prince Felix zu Weimeschkierch agedrongen an hunn do sämtlech Raim duerchsicht, ier si nees geflücht sinn.

Weider Abréch gouf et um spéiden Dënschdegowend nach an en Eefamilljenhaus an der Domaine op Hals zu Leideleng gemellt. Och hei goufen d’Raim bannenan duerchwullt an d’Täter si geflücht. Geklaut gouf ënner anerem eng Auer a Goldmënz.

A béide Fäll goufen d’Ermëttlungen ageleet. D’Police erënnert dann och nach emol un hir Rotschléi, wéi ee sech besser ka virun Abriecher schützen.

Back to Top
CIM LOGO