Esch a StadAbriecher erwëscht a festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Da goufen um Belval an zu Bech-Klengmaacher weider Abréch gemellt, respektiv Géigestänn geklaut.

E Mann, dee schonn op méi Plazen agebrach war, gouf an engem Méifamilljenhaus an der Bielesser Strooss zu Esch gepëtzt, wéi hien hei probéiert hat, d’Kelleren ze duerchwullen. Beim Täter goufen och geklaute Saache fonnt, déi hie schonn op anere Plaze matgoe gelooss hat. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann verhaft.

An der Hollerecher Strooss an der Stad goufen dann zwou Persoune gepëtzt, déi an e Bistro agebrach war. Eng Policepatrull hat déi Verdächteg am Gebai gesinn. Och hei huet de Parquet si verhafte gelooss.

An der Avenue du Rock-n-Roll zu Esch-Belval war an d’Kellere vun engem Appartementshaus agebrach ginn. D’Abriecher sollen éischten Informatiounen no eng Partie Kellere duerchsicht hunn, éier se vun engem Awunner iwwerrascht goufen. Doropshin hu se sech duerch d’Bascht gemaach an hunn dobäi zwee Vëloe matgoe gelooss. Et gouf direkt no hinne gesicht, allerdéngs ouni Erfolleg.

Och e Méindeg den Owend gouf et en Abroch an eng Wunneng an engem Appartementshaus. Dat an der Wäistrooss zu Bech-Klengmaacher. Hei hunn d’Brigange Boergeld geklaut.

An alle Fäll war d’Spueresécherung op der Plaz an et gouf eng Enquête opgemaach.

Fürerschäin agezunn

Zu Huldang ass enger Policepatrull e Chauffer opgefall, dee séier wollt fortfueren, wéi en d’Beamten erbléckst huet. Den Auto konnt kuerz drop zu Beesslek gestoppt ginn. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv an e provisorescht Fuerverbuet war d’Konsequenz.

Back to Top
CIM LOGO