Stengefort/BelairAbriecher goufen op frëscher Dot ertappt

RTL Lëtzebuerg
De Weekend iwwer waren uechter d'Land e puer Onéierlecher ënnerwee. An alle Fäll ass hinnen d'Flucht gelongen.
© Archivbild RTL

Zu Stengefort ass enger Fra e Sonndeg géint 2 Auer an der Nuecht opgefall, wéi dräi Persoune versicht hunn, an e Bürosgebai ënnert hirer Wunneng anzebriechen. Wéi si d’Fra erbléckst haten, hu si sech aus dem Stëbs gemaach.

E bësse méi spéit an der selwecht Nuecht wollten Onéierlecher an en Haus um Belair abriechen, ma och hei ass hinnen eng Fra zevirkomm. Séier hu si sech duerch d’Bascht gemaach.

E Samschdeg hu sech zu Beetebuerg Onbekannter Zoutrëtt zu enger Wunneng verschaaft, andeems si d’Hausdier opgebrach hunn.

Hei e puer Tipps vun der Police, wéi Dir Iech virun Abréch schütze kënnt.

Back to Top
CIM LOGO