Erwëscht an erwächtAbriecher schléift an a gëtt vun der Police am Bett fonnt

RTL Lëtzebuerg
Esou einfach maachen Abriecher et der Police soss eigentlech net: Zu Péiteng gouf en Abriecher erwëscht, well en am Haus ageschlof war.
© RTL Archiv

Wéi d’Police matdeelt, war en Onéierlechen en Donneschdeg de Mëtteg an en eidelt Haus an der Lonkecher Strooss agebrach. Eng Patrull vun der Police, déi op d’Plaz geruff gi war, huet de Mann schlofend an enger Kummer fonnt.

Op Uerder vum Parquet gouf den Abriecher vun de Beamte festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO