No Abroch zu BrouchAbriecherin gëtt op der Plaz gestallt, anere Verdächtege ka flüchten

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass de Virfall e Freideg de Mëtteg an der Route d'Arlon zu Brouch. Déi zwou verdächteg Persoune goufe bei der Police gemellt.

D’Police war wuel séier op der Plaz, eng presuméiert Täterin konnt nach op der Plaz vum Verbrieche gestallt ginn. E Verdächtege konnt mat Hëllef vun engem Auto flüchten. Et gouf direkt nom Mann gesicht, dat ouni Erfolleg. Déi verdächteg Fra gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum den Dag drop virun den Untersuchungsriichter. Déi geklauten Objeten an d’Geschier, fir anzebriechen, goufe saiséiert. Weider Ermëttlunge goufen ageleet.

Am Fond St. Martin dann huet e Freideg géint 16.40 Auer e Mann probéiert an e Gaardenhaus anzebriechen. Och hie konnt vun der Police gestallt ginn. Hie gouf protokolléiert.
E Freideg den Owend dann nach e weideren Abroch an en Eefamilljenhaus, dat zu Garnech an der Rue de Holzem. Hei ass den Täter duerch eng Fënster an der Kichen an d’Gebai erakomm an huet d’Raim duerchsicht. Geld a Bijoue goufe matgeholl. Ermëttlunge säitens der Police goufen ageleet.

Back to Top
CIM LOGO