
Engersäits ass rieds vu Vandalismus, an dat scho fir den zweete Weekend hannerteneen. Et hätte sech Persounen onerlaabterweis Zoutrëtt op den Daach vun der Maison Relais, grad ewéi der Sportshal zu Wëlwerwolz verschaaft an hätten do d’Schaltere vun der Lëftung an de Frigoen, respektiv Killtruen ausgemaach.
D’Liewensmëttel, déi an dësen ënnerbruecht waren, wieren elo net méi ze gebrauchen a missten ewechgeheit ginn. Ween eppes Suspektes gesinn huet, soll sech bei der Police vu Wolz mellen. Op Nofro hi bei der Police, krute mer matgedeelt, dass dëst den 10. Dezember an den 18. Dezember geschitt ass.
Da gouf et nach en Abroch an d’Buvette um Futtballsterrain zu Wëlwerwolz, dat och den 18. Dezember 2023. Hei wier déi ganz Buvette duerchwullt ginn. Ob eppes geklaut gouf, ass net preziséiert. Och hei ass et nees den Opruff, dass eventuell Zeie sech bei der Police vu Wolz melle sollen.
D’Police bestätegt, dass d’Spueresécherung op der Plaz war an entspriechend Ermëttlungen an d’Weeër geleet goufen.