Police confirméiertAbroch am Gebai vum Kooperatiounsministère

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg gouf an eng Annexe vum Ausseministère an der rue de la Congrégation an der Stad agebrach.

Dat confirméiert d’Police op Nofro hin.

En Onbekannten hat sech géint 4 Auer moies onerlaabt Accès an d’Gebai verschaaft an do zwee Laptoppen an e Rucksak geklaut.

D’Spueresécherung war op der Plaz. Eng Enquête leeft.

Am Gebai befënnt sech de Kooperatiounsministère. Och d’Pressekonferenzen nom Regierungsrot ginn hei organiséiert. Et läit tëscht der Staatskantinn an dem Staatsministère.

Back to Top
CIM LOGO