Zwee Täter erwëschtAbroch an e Won am Garer Quartier a geklauten Handy zu Hesper

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt zwee Tëschefall, bei deenen et hinnen all Kéiers gelongen ass, de presuméierten Täter ze stellen.

Um Sonndeg den Owend géint 22.40 Auer gouf an der Stroossbuerger Strooss an der Stad an en Auto agebrach. Bei enger Sich vun der Police konnt de presuméierten Täter am Garer Quartier vun enger Patrull gestallt ginn. De Parquet huet ordonéiert, datt d’Donnéeë vun der Persoun opgeholl ginn. Déi geklaute Wuer gouf dem Besëtzer zeréckginn.

Am Hesper Park krut um Sonndeg géint 19.30 eng Persoun hiren Handy geklaut. D’Police, déi séier op der Plaz war, konnt de presuméierten Täter am Garer-Quartier an der Stad stellen. Nieft dem geklauten Handy goufe beim Verdächtegen eng kleng Quantitéit un Haschisch fonnt. Hie gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO