PoliceAbroch zu Bëschdref a Permis fort an der Géigend vun der Bleesbréck

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, gouf et e Freideg zu Bëschdref en Abroch an en Eefamilljenhaus.
© Police Archivbild

Éischten Informatiounen no waren déi onbekannten Täter iwwert de Balcon an d'Haus erakomm. Méi ass net gewosst. D'Police ermëttelt.

E weideren Abroch gouf et  e Freideg am Nomëtteg um Belair.

An deem Kader mécht d'Police den Appell, datt et preventiv Mesurë ginn, sech virun Abréch ze schützen.

Alkohol um Steier

Kuerz no 2 Auer an der Nuecht op e Samschdeg gouf eng Policepatrull an de Géigend vun de rBleesbréck op e Gefier opmierksam, dat am Zickzack"ënnerwee war. Bei der Iwwerpréiwung huet sech de Verdacht verhäert, dass de Chauffer gedronk hat. Den Otemtest war positiv, de Permis agezunn an den Auto sécher gestallt.

Och zu Monnerech krut en Automobilist géint 23.30 Auer wéinst Alkohol hannert dem Steier de Fürerschäin ewechgeholl.

Back to Top
CIM LOGO