A1 Direktioun Gaasperecher KräizAccident am Tunnel Houwald geraumt

RTL Lëtzebuerg
Géint 13.20 Auer en Donneschdeg de Mëtteg krute sech am Tunnel Houwald, vun der Tréierer A1 Richtung Gaasperecher Kräiz, e Camion an 2 Autoen ze paken.
© RTL Mobile Reporter

D'Gefierer stoungen op der rietser Spur. Et hat bis zu 9 Kilometer zeréckgestaut. géint 14.50 Auer koum d'Confirmatioun, datt geraumt wier an d'Situatioun sech lues a lues kéint normaliséieren.

Wann der am Stau stitt, loosst w.e.g eng permanent Rettungsgaass an der Mëtt vun der Strooss fräi, fir dass d’Rettungsgefierer séier un hiert Ziel kënne kommen.

TRAFIC: Aktuell Informatiounen.
TRAFIC: Cita-Kameraen A1.
TRAFIC: Cita-Kameraen A3.
TRAFIC: Cita-Kameraen A4.
TRAFIC: Cita-Kameraen A6.
TRAFIC: Cita-Kameraen A7.
TRAFIC: Cita-Kameraen A13.
INFOEN? Gitt Trafic-Reporter.
METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder? Hei all d'Infoen an de Bléck vun eise Panorama-Kameraen.
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.
METEO: Livecam - de Bléck vum Héichhaus.

Back to Top
CIM LOGO