En DënschdegowendAccident mat 2 Ween zu Rëmerschen, Chauffer krut Permis ewech geholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et en Dënschdeg kuerz virun 18 Auer zu engem Accident tëscht 2 Autoen op der Route du Vin. Et blouf beim Materialschued.
© RTL Archivbild

En Automobilist, deen aus Schengen ënnerwee war, huet d'Kontroll iwwert säi Won verluer an ass op d'Géigespuer geroden, wou hien een anere Auto ze pake krut.

E spéideren Alkoholtest huet d'Police festgestallt, datt de schëllege Chauffer ze vill gedronk hat. Hie krut nach op der Plaz e provisoresche Fuerverbuet an de Permis ewech geholl.

Back to Top
CIM LOGO