B7Accident mat 3 Gefierer, 8 Leit goufe blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg am Nomëtteg gouf eng Patrull domat beoptraagt, eng Uelegspuer an der Géigend vu Steeën ze iwwerpréiwen.
© Police

Géint 13 Auer ass de Beamten dunn awer en Accident op der B7, kuerz hannert der Bréck, opgefall. 3 Gefier waren an den Accident verwéckelt.

Zwee Blesséierter louchen um Buedem an d’Patrull huet éischt Hëllef geleescht. An den Autoe souzen direkt e puer Leit, am Ganze goufen 8 Persounen an d’Spidol ageliwwert.

Eng Automobilistin, déi op der Iwwerhuelspuer ënnerwee war, hat d’Kontroll iwwer hire Won verluer, ass op d’Géigespuer geroden an do mat engem Won kollidéiert. Spéiderhi gouf et dunn nach eng Kollisioun mat engem 3. Gefier.

© Police

Alkohol um Steier

Géint 19 Auer e Samschdeg den Owend koum et op der N15 tëscht Heischent a Wolz zu engem weider Accident. En alkoholiséierte Chauffer koum mat sengem Won an d’Schleideren an huet 4 geparkte Ween vun enger Autosgarage gesträift.

Géint 22.30 Auer ass e weideren alkoholiséierte Chauffer zu Péiteng an eng Mauer gerannt an huet zwee Stroosseschëlder mat ewechgeholl.

Och zu Héiweng hat eng Fra ze déif an d’Glas gekuckt a war an e Schëld gerannt.

Back to Top
CIM LOGO