Et gouf e gréissere Réckstau bis zeréck op d’Beetebuerger Kräiz. Scho kuerz nom Accident waren d’Leit opgeruff, d’Plaz groussraimeg ze evitéieren, eng Deviatioun iwwer d’A13 an d’A4 gouf en Place gesat. Och an d’Géigerichtung ass de Verkéier méi lues gelaf.
E Camion ass engem Bus hannendrop gerannt. De CGDIS schwätzt vun 12 Blesséierten, dovunner awer 11, déi just fir eng Kontroll missten an d’Spidol kommen. De Bus hätt RTL-Informatiounen no och duerch den Impakt nach en Auto ze pake kritt.
Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter vun Diddeleng, der Stad an dem Réiserbann.
Wéi d’Police schreift, hätt et méi laang gedauert, fir déi betraffe Gefierer ofzeschleefen an, datt de Stau sech opléist, well vill Leit, déi am Stau stoungen, hir Autoe verlooss hunn, fir op d’Aire de Berchem ze goen. Dës Automobiliste goufe gesicht an opgefuerdert, hir Autoen direkt ze réckelen, well si déi Spuer blockéiert hunn, iwwert déi d’Autoen aus dem Stau sollte geleet ginn.
Op eise Stroosse war trotz Schoulvakanz en Dënschdeg eng méi lass. Wéi de CGDIS den Owend mellt, gouf et eng ganz Partie Accidenter.
Géint 11.30 Auer ass an der Lonkecher Strooss zu Péiteng en Auto op d’Kopp gaangen, woubäi eng Persoun verwonnt gouf.
Ee Blesséierte gouf et dann och kuerz no Mëtteg bei enger Kollisioun tëscht zwee Motorrieder op der Stäreplaz an der Stad.
Op der N16 tëscht Altwis an Uespelt koume géint 13.20 Auer de Mëtteg zwee Autoen net laanschteneen. Heibäi goufen zwou Persoune blesséiert.
Géint 14 Auer ass an der Rue Michel Welter zu Ettelbréck e Motocyclist gefall an dobäi blesséiert ginn.
Kuerz no 15 Auer sinn dann op der Kockelscheier en Auto an eng Camionnette net laanschtenee komm, woubäi eng Persoun blesséiert gouf.
E weidere Blesséierte gouf et ëm déi selwecht Zäit op der Streck tëscht Duelem a Siren, wéi en Auto op d’Kopp gaangen ass.