Autobunn nees a béide Richtungen opAccident op der A13 a Richtung Péiteng, Camion geréit op Géigespuer

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg um 6.40 Auer hat e Camionschauffer op der A13 a Richtung Däitschland, kuerz virun der Sortie Fréiseng d'Kontroll iwwert säi Camion verluer.
© Domingos Oliveira / RTL

En ass iwwert d’kalifornesch Mauer op d’Géigespuer geroden, wou en dunn an de Leitplanken am Rampli un d’Hale komm ass. Et ass bei deem Accident kee blesséiert ginn, ma de Materialschued ass ganz héich.

Wéinst dem Accident huet d’Autobunn missen tëscht Altwis a Fréiseng fir e puer Stonne gespaart ginn. Och a Géigerichtung gouf un de Leitplanke geschafft, wouduerch och do eng Spuer gespaart gouf.

Wéi den ACL matdeelt am fréien Owend matgedeelt huet, ass d’Streck nees a béide Richtungen fir de Verkéier op. Déi maximal Vitesse bleift awer weider op 90km/h limitéiert.

D’Diddelenger Ambulanz gouf op d’Plaz geschéckt, grad ewéi d’Pompjeeë vun Uespelt, Fréiseng, Beetebuerg an aus der Stad.

Tëscht Schëndels a Keespelt ass um Dënschdeg de Moie géint 6.45 Auer e Motocyclist gefall a gouf verwonnt. D’Ambulanz vu Lëntgen war op der Plaz, grad ewéi d’Pompjeeë vu Miersch.

Back to Top
CIM LOGO