
Hei waren en Auto an e Camion dra verwéckelt. Wéi d’Police matgedeelt huet, huet dës Streck och misste fir den Trafic gespaart ginn. Zwou Persoune waren hei blesséiert ginn, e Samusdokter war op der Plaz.
An der Gemeng Clierf koum et e Freideg de Mëtten dann nach zu engem uergen Autosaccident - kuerz viru 14.30 Auer ass eng Persoun mam Auto tëschent Plakech Lee an der Kirfelter Bréck an de Fiels gerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert, de Rettungshelikopter war op der Plaz. Dat mellen d’Nout- an d’Rettungsdéngschter.
