PoliceAccident tëscht Féiz a Keel, 2 Permise fort wéinst Alkohol um Steier

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet hënt zwee Permise wéinst Alkohol um Steier agezunn.

Um hallwer 1 war en Auto mat héijer Vitesse laanscht de Policebüro um Boulevard John F. Kennedy zu Esch gefuer. De Chauffer konnt gestoppt ginn. Hien hat ze vill gedronk a seng Steiervignette war méi ewéi 60 Deeg ofgelaf.

Gëscht géint véierel op 5 hat et op der op der Autobunn tëscht Féiz a Keel geknuppt. Véier Ween waren an den Accident verwéckelt. 3 haten der wéinst Stau missen ofbremsen. Dee véierte Chauffeur konnt net méi bremsen an ass hannendrop gerannt. Hien hat ze Déif an d’Glas gekuckt.

3 Chauffere koume fir eng Kontroll an d’Spidol, mellt d’Police.

Back to Top
CIM LOGO