Streck geraumtAccident um CR126 vum Stafelter erof op Walfer
Kuerz no 8 Auer ass e Gefier um CR126 vum Stafelter erof op Walfer an e Bam gerannt. Eng Spuer war blockéiert. Den Accident ass zanter 9.45 Auer geraumt.
Accident um CR126 vum Stafelter erof op Walfer
Kuerz no 8 Auer ass e Gefier um CR126 vum Stafelter erof op Walfer accidentéiert. Eng Spuer war blockéiert. Den Accident ass zanter 9.45 Auer geraumt.
Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter vu Jonglënster an Nidderaanwen. Eng Persoun gouf blesséiert.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Wéi de CGDIS mellt koum et um Freideg de Moien zu weideren Accidenter.
Kuerz viru 6 Auer koum et zu Gaasperech zu enger Chute vun engem Motorradsfuerer. Eng Persoun gouf blesséiert. Am Asaz waren d’Rettungsdéngschter aus der Stad.
Zu Munneref koume géint 6.50 zwee Autoen net laanschteneen. Hei goufen zwou Persoune blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vu Réimech, Uespelt a Munneref versuergt.