Zwou Persoune goufe liicht blesséiert, esou d'Informatioun vum CGDIS, wärend d'Police vun engem liicht Blesséierte schwätzt.
Am Bulletin vun der Police ass ze liesen, dass den Automobilist kuerz virun 8 Auer d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer huet, en Auto lénks an ee riets ze pake krut, doropshin an en Trottoir gerannt ass, fir dann net méi laanscht e Bam ze kommen.
Den Auto ass schlussendlech um Daach gelant.
De Chauffer gouf nach op der Plaz medezinesch behandelt, éier en an d'Spidol gefouert gouf. En Drogen-Schnelltest ass positiv ausgefall.
1 Spuer war wéinst deem Accident blockéiert, wouduerch et op där Plaz zu Stau komm ass. Géint 10.30 Auer koum d'Entwarnung, dass d'Plaz vum Accident geraumt wier.