Um MëttwochmoienAccident um Kierchbierg op der Héicht vun der Coque

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, huet et e Mëttwoch de Moien op der Kräizung vun der Rue Erasme mat der Avenue J.F. Kennedy tëscht 2 Autoe geknuppt.
© RTL

Eng Spuer war blockéiert, wouduerch et nëmme lues laanscht goung. Wéi de CGDIS méi spéit a sengem Bulletin schreift, goufe bei der Kollisioun zwou Persoune blesséiert. Um Asaz waren d’Ambulancieren an d’Pompjeeën aus der Stad.

Zu Fréiseng an der Robert Schuman-Strooss ware géint 8 Auer e Moto an en Auto net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vu Fréiseng an Diddeleng versuergt.

Zu Fluessweiler an der Haaptstrooss gouf et e weidere Blesséierten. Dat bei engem Accident kuerz no 9.30 Auer. D’Ambulanciere vu Fluessweiler an d’Pompjeeë vu Mäertert waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO