PoliceAccidenter, alkoholiséiert Chaufferen a Permisen agezunn, ma och ze vill Kaméidi

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, waren an der Nuecht op e Samschdeg déi eng oder aner Automobilisten ënnerwee, déi ze déif an d'Glas gekuckt hunn.

Wéi de CGDIS an hirem Bulletin scho gemellt hat, koum et géint 19.30 Auer kuerz virum Agank vu Viichten zu engem Accident. De Chauffer war mat sengem Won vun der Strooss ofkomm a krut doropshin frontal e Bam ze paken. Den Auto gouf an eng Wiss geschleidert. De verongléckte Chauffer konnt sech aus eegener Kraaft befreien. En Alkoholtest war positiv an de Permis fort.

Och an der Mënsbecher Strooss zu Nidderaanwen, wou en Auto an e Camion net laanschteneen koumen. De Mann am Auto gouf ageklemmt an huet misse vun de Rettungsekippe gebuerge ginn. Hie koum no enger éischter Versuergung an d'Spidol, ma hien hat gedronk an hien de Fürerschäin elo lass. Dem Alkoholtest vum Camionschauffer war negativ.

Géint 2 Auer ass enger Patrull op der A4 an Direktioun Esch e Chauffer wéinst sengem Fuerstil opgefall. Bei der uschléissender Kontroll gouf festgestallt, dass de Mann ze déif an d'Glas gekuckt hat. Ma hien hat och nach e Fuerverbuet, dat elo verlängert gouf. De Won gouf bis op Weideres sécher gestallt an et gouf protokolléiert.

D'Police huet am Laf vun der Nuecht 4 weider Führerschäiner gezunn, well Automobilisten ze vill gedronk haten. Dat war zu Ettelbréck, Diddeleng, Beggen an um Käler Potto de Fall.

Ze vill Kaméidi

Tëscht 22 a 6 Auer huet d'Police awer och missen an den Asaz well sech iwwert ze vill Kaméidi beschwéiert gouf.

Landeswäit goufe net manner wéi 51 Fäll gemellt. An e meeschte Fäll war entweder d'Musek ze haart oder d'Invitéen. Ma och viru Caféen, Bistroen a Pubs ass et deels haart hiergaangen oder Autoe si mat vill Getuuts duerch d'Stroosse gefuer. Op munche Plazen hunn d'Noperen ze hefteg an hire Gäert oder an hiren eegene 4 Wänn gefeiert.

Back to Top
CIM LOGO