Aus dem PolicebulletinAccidenter duerch glat Stroossen an Alkoholafloss

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 20 Auer waren e Freideg zu Bartreng zwee Autoe bei enger rouder Luucht aneneegerannt.
© RTL-Archivbild

D’Automobilistin, déi dem aneren Auto hannendrop gerannt war, hat ze vill Alkohol gedronk a war de Permis nach op der Plaz lass.

Géint 21.30 Auer e Freideg koum et an der Hollerecher Strooss am Garer Quartier zu engem weideren Accident. Een Automobilist war engem aneren hannendrop gerannt. D’Strooss war duerch den Accident blockéiert an ee Luuchtepotto gouf beschiedegt. Och hei hat de schëllege Chauffer gedronk.

Op der Streck a Richtung Wandhaff war der Police dann nach een Auto opgefall, deen am Zickzack ënnerwee war. Och hei gouf een ze héijen Alkoholtaux festgestallt, de Führerschäin war op der Plaz fort.

An der Nuecht op e Samschdeg um 3.15 Auer gouf d’Police vum Rettungsdéngscht informéiert, datt am Rond-point Fridhaff een Automobilist accidentéiert wier an ënner Alkoholafloss géing stoen. E Stroosseschëld gouf beschiedegt an den Auto huet missen ofgeschleeft ginn. D’Persoun hannert dem Steierrad hat esou vill gedronk, dass si de Permis direkt huet mussen ofginn. Dem Chauffeur no war d’Strooss zum Zäitpunkt vum Accident schmiereg.

Da gouf et nach een Accident op der A4 a Richtung Steebrécken. Hei war ee Chauffeur an e Streewon gerannt. Den Alkoholtest war och an dësem Fall positiv, den Héchstwäert gouf esouguer ëm dat duebelt iwwerschratt. De Permis gouf agezunn.

An dann huet nach en Automobilist op der A3 ee provisorescht Fuerverbuet wéinst ze vill Alkohol hannert dem Steierrad kritt.

Back to Top
CIM LOGO