Alkohol am SpillAccidenter mat Fahrerflucht um Sonndeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Zu 2 Accidenter koum et e Sonndeg den Owend, a béide Fäll hate sech d'Chaufferen ewechgemaach. Allebéid haten ze vill gedronk.
© Pixabay

Géint 21.45 Auer koum et zu Déifferdeng an der Géigend vum Vesquenhaff zu engem Accident. En Automobilist hat an enger Kéier d'Kontroll iwwer säi Won verluer a krut d'Mauer vun engem Haus ze paken. Hie gouf net verwonnt. Wéi d'Police präziséiert, war Alkohol am Spill, den erlaabten Héchstwäert war duebel sou héich. Bei der Kontroll koum awer och nach eraus, dass géint de Mann e Mandat d'arrêt wéinst engem provisoresche Fuerverbuet virlouch. Op Uerder vum Parquet gouf säin Auto séchergestallt.

Zu Féiz gouf et géint 23.15 Auer an der Rue du Brill en Accident mat Materialschued. Beim Laanschtfueren hat e Chauffer 2 Ween gesträift an huet sech ewech gemaach. Hie konnt spéider ermëttelt ginn a gouf kontrolléiert. De Mann hat gedronk an nom Otemtest, krut hien de Permis ewechgeholl.

Back to Top
CIM LOGO