
E Chauffer huet do mat sengem Auto e Bam ze pake kritt a gouf blesséiert. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Käerjeng an d'Ambulanz vu Péiteng. Méi Detailer sinn net gewosst.
Gebrannt hat et géint 17.45 Auer zu Esch. Do stoung e Bagger an der Rue Joseph Kieffer a Flamen. Et blouf beim Materialschued.
E Samschdeg de Moien koum et no 9.30 Auer zu 2 weideren Accidenter.
Géint 9.20 Auer war et eng Kollisioun tëscht 2 Ween zu Mëlleref. Hei gouf eng Persoun verwonnt. An um RN31, tëscht Rolleng a Rodange, ware kuerz drop 3 Autoen a Coup. Och hei ass ee Blesséierten ze bekloen.