
Buergermeeschter bleift deemno de Michel Malherbe vun der DP. Éischte Schäffe gëtt den Abby Toussaint vun der CSV an den Henri Krier vun der DP gëtt 2. Schäffen.
Den 3. Schäffeposte gëtt tëscht béide Parteien opgedeelt. Vun 2023 bis 2025 wäert de Poste vum Michel Reiland (CSV) besat ginn, éier dann de Willy Vullers (DP) iwwerhëlt.