Dat sot d’Carole Dieschbourg um Méindeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun.
D'Ëmweltministesch war an de leschten Deeg op der COP24, der Weltklimakonferenz zu Katowitz a Polen, wou d’Diskussioune jo eréischt e Samschdeg den Owend konnten ofgeschloss ginn.
Et wier e flott Reegelwierk, wat d’Strooss och hält, a wat vun allen 197 vertruedene Länner mat gedroen gëtt.
Jo et wier e Kraaftakt gewiescht, mä de Kader wier elo do, mat deem een eng gutt Dynamik kéint gestallten, sot d’Carole Dieschbourg.
Et misst een am Hannerkapp hunn, dass d'Ëmfeld an deem a Polen diskutéiert gouf, en anert war, wéi nach virun 3 Joer zu Paräis. D’USA hätte keen Obama méi, dee staark matgezunn ass, fir de Klimaschutz. Och Brasilien hätt vill Extra-Wurschte verlaangt, a mat Saudi-Arabien hätt een och ganz vill misste verhandelen.
D'Ëmweltministesch huet sech och e bëssen enttäuscht driwwer gewisen, dass de Rapport vum Weltklimarot net nach méi staark am Accord hätt kënne verankert ginn, mä et wier gutt, dass ee sech zesummen elo kloer Reegele ginn hätt.
Et ass wichteg, dass mer eis elo e stabilt Reegelwierk ginn hunn, fir de Paräisser Klimaaccord ëmzesetzen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.