FamilljekommissiounAccueil an Integratioun vu Refugiéë war Thema an der Chamber

Monica Camposeo
Begréisst gëtt vu bal der ganzer Oppositioun* d'Propos fir Privatleit, déi Refugiéë bei sech doheem ophuelen, finanziell ze ënnerstëtzen.

Méi kleng Accueil-Strukturen, obligatoresch Sproochecoursen an e vereinfachten Accès op den Aarbechtsmarché. Dat sinn d’Haaptachsen, mat deenen d’Integratioun vu Refugiéen hei am Land besser soll geléngen. Den zoustännege Minister Max Hahn huet déi Punkten en Dënschdeg de Moien an der Familljekommissioun virgestallt.

Accueil an Integratioun vu Refugiéë war Thema an der Chamber

D’Oppositiounsparteien Déi Lénk, LSAP an déi Gréng* begréissen, dass méi kleng Foyeren uechter d’Land solle verdeelt ginn, bedauert awer, dass keng Quote virgesinn ass, fir d’Gemengen dozou ze verflichten, esou Strukturen opzebauen. D’LSAP-Vize-Presidentin vun där Kommissioun, d’Claire Delcourt, erënnert dorunner, dass et op fräiwëlleger Basis och scho vun de viregte Regierunge versicht gouf, d’Gemengen awer net wierklech matgeschafft hunn. Den CSV-Deputéierte Maurice Bauer huet de fräiwëllegen Aspekt par contre als positiv ervir gehuewen. Et wier weder am Sënn vun de Refugiéen, nach am Sënn vun de Responsabelen an den Awunner, wann eng Gemeng gezwonge gëtt, Leit opzehuelen.

Et wéilt een de Gemenge flott Alternativen ubidden, esou argumentéiert den DP-Minister Max Hahn. En Terrain vun 10 Are géing schonn duergoen, fir eng Struktur mat 30 Wunn-Unitéiten opzebauen. Hie selwer hätt sech e Bild a vergläichbare Foyere gemaach an d’Gemengen, déi op dee Wee ginn, sollen och vum Familljeministère zousätzlech Moyene kréien, souwuel personell wéi och finanziell.

Méi kleng Strukture ginn definitiv an déi richteg Richtung, esou de Marc Baum vun Déi Lénk. Mee de Problem vun de Strukturen ass direkt gebonnen un de Problem vum Logement. Soulaang een dozou keng Léisung unzebidden huet, wier dat anert just “Geplänkels”, esou huet et den Deputéierte vun Déi Lénk ausgedréckt.

Déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring huet kritiséiert, dass de méi einfachen Accès op den Aarbechtsmaart just fir Beräicher virgesinn ass, an deenen et eng Penurie zu Lëtzebuerg gëtt. Dat wieren der schonn immens vill, gëtt de Minister Max Hahn ze bedenken. Doriwwer wieren d’Detailer nach net ausgeschafft.

Begréisst gëtt vun der Oppositioun donieft och d’Propos fir Privatleit, déi Refugiéë bei sech doheem ophuelen, finanziell ze ënnerstëtzen. D’Stéit solle bei den Zousazkäschten, déi opkommen, op d’mannst zum Deel kënnen entlaascht ginn.

De Familljeminister Max Hahn huet präziséiert, dass et nach keen Zäitplang fir déi Neierunge gëtt. Dat géing net vun haut op muer goen. Dat wier och de Grond, wisou bestoend Strukturen, déi net an der Rei sinn, trotzdeem op bleiwen. Den Ament wieren d’Kapazitéiten opgebraucht. Den DP-Minister huet och nach emol betount, dass Lëtzebuerg net dat kéint opfänken, wat op EU-Niveau net klappt.

Den ADR-Deputéierten Tom Weidig präziséiert e Mëttwoch schrëftlech, dass d’ADR “strikt dogéint [ass], datt den Zentralstaat an d’Gemengenautonomie agräift.” D’Partei ass deemno net mat der Vue vun den aneren Oppositiounsparteien averstanen a begréisst deemno, dass kee Verdeelschlëssel fir d’Opnam vun Demandeurs de Protection Internationale (DPI) an de Gemengen imposéiert gëtt.

*D’ADR huet eis um Mëttwoch matgedeelt, datt si net d’Vue vun den aneren Oppositiounsparteien op verschiddene Punkten deelen.

Back to Top
CIM LOGO