D’Erhéijung vum soziale Mindestloun wär keng Annonce wäert, well iwwerfälleg. De Sozialstaat soll weider ausgebaut ginn, dat hat de Premier jo en Dënschdeg annoncéiert. Opgezielt goufen Tripartitesmesurë wéi d’Verlängerung vun der Energie-Primm, grad wéi d’Erhéijung vum Revis a sozialem Mindestloun.
Den Direkter vu Caritas Lëtzebuerg, de Marc Crochet, bedauert, datt déi sozial Ongläichheet net ugeschwat gouf. Wat déi annoncéiert finanziell Hëllefen ugeet, hätt ee sech manner Bürokratie gewënscht. Och d’Erhéije vum Mindestloun léist keng Begeeschterung beim Marc Crochet aus.
“De Salaire social minimum ze héijen an deem Mooss, wou dat lo gemaach gëtt, ass am Fong keng Annonce wäert. Dat sinn Upassungen, déi reegelméisseg geschéien an do hätt d’Upassung 2019 scho méi héich misse si wéi dat, wat deemools geschitt ass. Mir passen d’Situatioun vun de Leit ëmmer der Situatioun vum Misär, wou se dra sinn, un.”
Eng weider Annonce am Xavier Bettel senger Ried war, datt d’Personal vun den Offices sociaux ëm 50 Prozent opgestockt soll ginn. D’Ginette Jones, Presidentin vun der Entente des offices sociaux, begréisst dat zwar, mee et misst een oppassen, datt dat zousätzlecht Personal dohi kënnt, wou et gebraucht gëtt, an net eleng no der Awunnerzuel vun de Gemenge verdeelt gëtt.
Zudeem géing si sech eng bürokratesch Vereinfachung wënschen. Bis elo hätt d’Digitaliséierung vun de Prozedure keng Vereinfachung bruecht.
“Am Géigendeel, wat Dir fréier an engem Dossier bruecht hutt, schéckt Dir elo, dofir musst Dir och ekipéiert sinn. Ech denken, datt mer do nach ganz vill Efforte musse maachen, fir ze entbürokratiséieren.”
D’Entente hätt et begréisst, wann d’Regierung hirer Demande no engem digitale Sozialdossier nokomm wier.
“Eng onbürokratesch Digitaliséierung wär eng grouss Hëllef, net just den Offices sociaux, och den aneren Institutiounen”, ënnersträicht d’Ginette Jones.
Domadder hätt ee méi Zäit, fir sech mat de Betraffenen auszetauschen - e wichtegt Element vun der Sozialaarbecht.
Vill Leit scheien awer och de Wee an de Sozialbüro. Et misst ee weider dru schaffen, de Besuch bei engem Office social ze enttabuiséieren. Kloer wier awer och, datt et sech bei engem Office social net ëm ee Kriseninstrument handele géing.
420 Passagen de Mount mat Bongen aus dem Office social zielen d’Escher Caritas Kleederstuff an d’Epicerie sociale. Et wieren der awer méi eligibel, mengt d’Responsabel Deborah Simoes. Verschiddener wëssen awer och ganz einfach net, datt si eligibel fir Hëllefe sinn.
“Et gouf vill an de leschte Woche kommentéiert, datt déi Hëllefen net esou genotzt ginn a se dowéinst och net esou zum Droe kommen an ech mengen, mir plaidéiere fir Hëllefen, wou d’Leit net duerch siwe Reefer musse sprangen, fir se ze kréien”, seet de Marc Crochet.
Begréisst gëtt d’Erhéije vum Kredit fir elengerzéiend Leit. Gläichzäiteg gëtt awer och bedauert, datt net genuch Efforte fir aner sozial schwaach gestallte Mënsche gemaach géife ginn.
“Et gëtt een d’Ukënnegunge midd.” Esou reagéiert de Mouvement Ecologique op d’Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Xavier Bettel.
Zwar wieren e puer konkret Punkten ugeschwat ginn, ma et bleift de Bäigeschmaach, wisou dat net scho laang gemaach gouf, gëtt d’Blanche Weber ze bedenken. Grondsätzlech Froen hätten am Premier senger Ried och net dee richtege Stellewäert gehat.
“Zum Beispill, wéi déi energetesch Transitioun och sozial ka begleet ginn. Et wier problematesch, dass dat net méi am Fokus stoung. Zwar wier vill vu Subside geschwat ginn, wéi och dass ee gehollef kritt, fir eng Solaranlag ze installéieren, wann ee baut. Ma vill Leit kéinten et sech awer emol net leeschten, ze bauen. Et wier vernoléissegt ginn, och méi sozial schwaache Leit ze hëllefen.”
Doriwwer eraus misst de Lëtzebuerger Wirtschaftsmodell vu Grond op hannerfrot ginn, aktuell wier een nämlech ze vill ofhängeg vum Wuesstem. Dat wier awer net zukunftsfäeg. D’Regierung géing dat awer ausblennen, esou nach d’Blanche Weber.