
Den Tribunal administrativ huet dem Mann säi Recours nämlech als justifizéiert ugesinn an dowéinst eng Decisioun vum Claude Meisch vun Dezember 2017 an den entspriechenden Arrêté ministériel annuléiert. D'Affär muss zréckgoe bei de Minister an de Staat d'Fraisen iwwerhuelen.
Am Juli 2015 war de Mann zum pedagogesche Stage zougelooss ginn, fir Maître d’Enseignement technique ze ginn. Duerch en Arrêté ministériel vu Juli 2016 gouf hien op de 15. September vun deem Joer Stagiaire an engem Lycée genannt.
Well de Mann wéinst Krankheet dacks gefeelt huet, hat de Kontrolldokter de Claude Meisch am Juni 2017 doriwwer informéiert, dass de Mann eng Laangzäitkränkt hätt an an den nächste Méint net erëm schaffe kéint. Den Educatiounsminister hat deeselwechte Mount d'Pensiounskommissioun saiséiert an déi engem Dokter den Optrag fir eng Expertise vum medezineschen Dossier vum Mann ginn. Am Juli 2017 gouf an deem Rapport festgehalen, dass de Mann net op senger aktueller Plaz bleiwe kéint an eng aner Aarbecht fir hien néideg wär. D'Pensiounskommissioun hat dunn am September decidéiert, dass de Mann net ausser Stand wär, fir mat senger Aarbecht weider ze fueren, an eng aner medezinesch Expertise ordonnéiert. Am November 2017 hat de Claude Meisch an deem Sënn de Kontrolldokter saiséiert; de Medeziner hat dem Minister deeselwechte Mount geschriwwen, dass de Mann sech net presentéiert hätt, no engem Telefonsgespréich mat him awer kloer wär, et géif keen neien, signifikative medezinesche Fait ginn. De Claude Meisch hat de Mann an engem Bréif vum 6. Dezember 2017, deen awer op den 1. Dezember 2015 datéiert war, doriwwer informéiert, dass hie säi Stage kënnege wéilt; den Educatiounsminister hat dat e puer Deeg drop effektiv gemaach an en entspriechenden Arrêté ministériel geholl. De Mann war am Februar 2018 dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.
Deem seng 1. Riichter halen an hirem Uerteel fest, de Staat kéint net beweisen, dass de Bréif vun Dezember 2017 virum 11. vun deem Mount zougestallt gouf; dofir wär den Delai vun 8 Deeg, fir Observatiounen dozou ze presentéieren, den 19. um Hallefnuecht ausgelaf. Andeems hie seng Decisioun deen Dag geholl huet, hätt de Claude Meisch deen Delai vun 8 Deeg net agehalen. D'Decisioun vum Minister wär dofir z'annuléieren, de Staat an de Mann hätte keng Indemnité de procédure zegutt, ma de Staat d'Fraisen z'iwwerhuelen.