
Zwee Deeg virum Optakt vum Prozess ëm d’Verontreie vu Suen an der Gemeng Hesper, ass et e Méindeg d’Nouvelle, datt d’Gemeng gehalen ass, de Rapport vum Audit public ze maachen, deen dës Faiten ënnersicht hat. Basis heivunner ass en Urteel vum Verwaltungsgeriicht, nodeem d’Asbl StopCorrupt dës Publikatioun ewell zanter iwwer zwee Jore freet - dem Verdikt no, soll deemno de Rapport vu PwC public gemaach ginn.
Op RTL-Nofro heescht et bei der Hesper Gemeng, datt ee kee Recours géint d’Urteel vum Verwaltungsgeriicht wäert aleeën. Deemno dierft dee Rapport also erausgoen, ouni datt een eenzel Nimm vu Leit erkennt, déi an deem Kader ernimmt ginn.
Wéi et vum CSV-Hesper Buergermeeschter Marc Lies heescht, hätt d’Gemeng de Rapport och guer net “kéinten” public maachen, wëll et en Deel vun der juristescher Instruktioun gewiescht wier.
D’Argumentatioun vum Geriicht kann een hei noliesen.
D’Gemeng huet et wéinst de Perséinlechskeetsrechter bis ewell refuséiert, fir den Audit ëffentlech ze maachen. Viru Geriicht sti vun e Mëttwoch un zwee fréier Gemengebeamten an e Geschäftsmann aus der Hesper Gemeng.
D’Haaptreproche sinn Ënnerschloe vun ëffentleche Suen, Fälschung, Bedruch a Mëssbrauch vum Verméige vun der Gemeng. Et geet ëm Zomm vun iwwer 5 Milliounen Euro.
Am Summer 2019 koum d’Affär un d’Liicht, nodeems Assurancen-Entschiedegungen net op Gemengekonte gelant waren. Bei den Enquête war erauskomm, dass d’Suen op en anere Kont gefloss sinn. Kuerz drop hat d’Gemeng Plainte wéinst Verontreie vu Sue gemaach.
Wéi gesot fänkt de Prozess e Mëttwoch un.
D’gréng Hesper Oppositioun mat hiren 3 Conseillere freet sech iwwert de Verdikt vum Verwaltungsgeriicht a seet, datt domat “d’Gesetz vum Verstoppen an dem Mond-Halen” gebrach gi wier.
Den Hesper Buergermeeschter Marc Lies léisst dës Behaaptunge vun der grénger Oppositioun net esou stoen a seet RTL géigeniwwer, datt de Schäfferot a senger ganzer Demarche vum Geriicht Recht krut.
Et misst lo primär ëm d’Opklärung, d’Verhënnere vu weiderem Image-Schued fir d’Gemeng, grad wéi de Remboursement vum Schued, deen entstanen ass, goen.
Verontreiung vu Suen zu Hesper: Immobilien a Fongen an Héicht vu 5 Milliounen Euro saiséiert